23.05.2018
De Nohaltegkeetsministère invitéiert interesséiert Bierger, Gemengeresponsabel souwéi Acteuren op d’Presentatioun vun der Aktualiséierung vun der Strategie fir eng nohalteg Mobilitéit « Modu 2.0 »
Datumer :
· Mëttwoch, den 30. Mee 2018 um 19 Auer Trifolion Iechternach
· Dënschdeg, de 5. Juni 2018 um 19 Auer Abtei Neimënster Lëtzebuerg
· Dënschdeg, den 19. Juni 2018 um 19 Auer Kulturzenter Cube 521 Maarnech
· Dënschdeg, de 26. Juni 2018 um 19 Auer Grand Auditoire Campus Belval
Programm:
Virstellung vun der Strategie Modu 2.0 :
· wat sinn d’Ziler,
· wat fir eng Moossname kënne vun de véier Acteure vun der Mobilitéit – Bierger,
Gemengen, Employeure a Staat- ëmgesat ginn,
· wat sinn déi lafend Projeten am Transportberäich,
· wat fir eng Approche erméiglecht et d’Mobilitéit an engem Wuesstemskontext ze verbesseren.
Meenungsaustausch
Fräien Entrée
D’Presentatioun gëtt op Lëtzebuergesch gehalen. Eng simultan Iwwersetzung an d’Franséischt an d’Englëscht gëtt assuréiert.