08.05.2018

Entdeckt elo

D’Gemeng huet an Zesummenaarbecht mat der Agence Repères Communication vu Kielen an dem Filmemaacher Olivier Koos, während deem leschte Joer, 6 Filmer iwwer Konsdref an seng Ëmgéigend gedréit, déi d’Uertschaften aus verschiddene Perspektive presentéieren.

Den Haaptfilm geheit ee Bléck op d’Konsdrefer Gemeng, seng Dierfer, Natur, Aktivitéiten a weist schéi mat wat fir enger Dynamik d’Regioun sech entwéckelt.

4 aner Filmer gi méi spezifesch op déi verschidde Sujete an, déi d’Natur, de Sport, den Tourismus an d’Alldagsliewen an der Gemeng reflektéieren.

Ee leschte Film weist d’Dierfer aus der Gemeng aus enger Perspektiv, aus där een se net all Dag zu Gesiicht kritt, nämlech aus der Vugelsperspektiv.

Dir fannt d'Filmer ënnert der Rubrik "Consdorf en vidéo". Vill Spaass beim kucken.

Disclaimer