07.06.2019

Aktioun Kéisécker

Elo ass et souwäit: De Kéisécker ass a Gefor.
De Réckgang vun den Aarte weltwäit,
an och zu Lëtzebuerg, ass dramatesch!
Esouguer Aarten, déi zu Lëtzebuerg iwwerall
verbreet waren, ginn drastesch zréck!
De schläichende Verloscht vun der Biodiversitéit
ass net nëmme fir d’”Spezialisten”
ënnert den Aarten (déi spezifesch
Liewensraim brauchen) däitlech erkennbar:
keng Insekte méi op der Fënster vum
Auto, keen Hues a kee Feldhong méi op der
Gewaan, d’Léiercher op eise Felder sangen
(bal) net méi, keng Tureil a kee Steekauz
méi, déi nuets Kreesch dinn, Spatz a
Schaachtegschmuewele verschwannen aus
eisen Dierfer a mir sinn erféiert se op der
Rouder Lëscht erëmzefannen … A leider
gehéiert de Kéisécker zu dësen Aarten déi
bedreet sinn.

Aktioun Kéisécker (PDF, 1.17 MB)

Disclaimer